Keelenowend
- Details
- Kategorie: News
- Veröffentlicht: Donnerstag, 22. Juni 2017 07:32
- Geschrieben von Claude
- Zugriffe: 173
Keelenowend.
Den 17.06.2017 haten mir eisen Keelenowend zu Lénger an der Lénger Stuff organiséiert.
Et waren eng 20 Leit déi matgemaach hun. Um 19:00hrs hun mer den Owend mat Fritten, Ham an Zalot ugefaangen an wei mer fäerdeg mat iessen waren hun mer dann ugefaangen mat den Keelen. Mir hun 2 Partien gemaach mat je 3 Duerchgäng pro Spiller an pro Duerchgang hat all Spiller 2 Klatzen.
Den Comité huet Keelen déi bei all Spiller ëmgefall sinn opgeschriwwen an zum Schluss hun mer dunn gesamt Keelen geholl an soumat eng 1t, 2t an 3t Platz gehat.
1t Platz an dermadder eisen Champion 2017 as den Schuster Marco mat 48 Keelen
2t Platz as den Freres Guy mat 44 Keelen
3t Platz as Fey Marie-anne mat 39 Keelen.
Allen 3 hun se eng Coupe kritt mat enger Këscht Fruits de mer knippecher an een Certificat vun eis mat hirem Numm an Placéierung wou se gemaach hun.
Mir wäerten elo all Joer een Tournoi maachen an dermadder ëmmer een Jores Champion ermëttelen wou den aktuellen Champion natierlech Méiglechkeet huet säin Titel ze verteidegen.
Mier hoffen nächst Joer vieleicht nach puer Leit mei um Tournoi ze gesinn.
Et war op jiddefalls een schéinen an leschteegen Owend
Den Comité seet all Mensch den dobäi war villmools Merci.
Foto'en vum Keelenowend gesitt dir ënnert dësem Link: http://www.ep-frenn.lu/Keelenowend2017/